Léif Gäscht,
Fir är Gesondheet ze schützen hale mir eis streng un déi gesetzlech virgeschriwwen Hygiènesreegelen.
Fir äre Besuch biede mir Iech folgend Schutzmoossnamen ze beuechten:
Mir freeën eis op äre Besuch an heeschen Iech ganz häerzlech Wëllkommen.
Op de folgende Säite fannt dir all Informatiounen zu de Massagen, Uwendungen, dem Droste-Laux® Baseschem Entséierungsprogramm, der T.E.M, grad ewéi och der Quellwaasser- an Hydrotherapie. Fir all Froe sti mir Iech Allzäit gär zur Seid. Zéckt wannechgelift net eis fir eng Berodung unzeschwätzen.
Zesummespill vun Natur & Waasser gehéiert zu eiser Grondphilosophie an déngt doduerch der Steigerung vun Ärer Vitalitéit. Déi suergfälteg ausgewielten, héichwäerteg an naturreng Produiten, zesummen mat den individuellen Uwendungen steigeren nohalteg äert Wuelbefannen, erlaben iech Déiftenentspanung ze erfueren an néi Energie ze gewannen.
De Spa- & Gesondheetszentrum LuxVitalis fannt dir no bei Iech.
An de Reim vum Hotel Bel-Air zu Iechternach bidde mir Iech eis breetgefächerten Offer un Massagen, Uwendungen an der besonnesch wierkintensiver Balneotherapie un.
Gär kennt dir e flotten Dag am Spa- & Wellnessberäich vum Hotel Bel-Air verbréngen.
Dofir bidde mir Iech speziell Packagen ënnert der
Rubrik DAY SPA un.
Mir freeën eis op äre Besuch.